Majo ganz einfach: eng Internet-Säit !! An nett egaalwéieng !!
|
Op dëser Säit soll all Grupp hier Concert'en androën, mat Internet-Address vun hierer Homepage, wa méiglech. Sou soll dann een onmossegen Agenda entstoën mat all de Concerten vu lëtzebuerger Gruppen an een Archiv mat Homepagen vun ebendeene Gruppen, mee och nach aaner interessant links fiir Musëker an déi di gären op Concert'e ginn.
|
Ausserdeem soll och e klenge Photo's Album enstoën deen ech einfach sou mol Mosh! genannt hun. Fiirwaat wees ech selwer net, mee ech fannen daat klengt gudd ;)
|
Hei op der Startsäit fannd der ëmmer d'Concerten déi haut sënn (uewen) an déi letzten Néiegkeeten iwert gehiirlos.org
Ech hoffen dass jiddfereen och matmescht, well soss huet daat ganzt kee Wert, dës Säit kann nëmmen existéieren wann dir och eppes androot...
An ausserdeem géif ech mer zimlech blöd viirkommen wann ech mer déi ganz Méi emsoss gemaach hett.
|