Waat gett et neits?

Waat gett et neits?




28/01/2005

Gehiirlose Concert - Second edition!!!

Et ass rem sou weit!!! den 5. März gett de Schlammestee gerockt! Des Kéier sin mat derbäi:

  • Insanity Reigns Supreme (Death Doom aus der Belsch)
  • Excavated (Brutal Death aus der Belsch)
  • Abstract Rapture (Trash Metal aus Lëtzebuerg)
  • Estrepito (Thrash'n'Roll aus Lëtzebuerg)
  • Ech mengen daat gett rem ee fatzeg gudden Owend !! Also huelt Ierch deen Daag näischt aanescht fiir ;-)


    27/04/2004

    Et waar genial, fannen ech emol;-)

    Et huet alles geklappt, d´Stemmung war allerbescht an Leit woren och genuch do. Op deser Plaaz nach eng Keier een decken decken Merci un all d´Gruppen dei sech deen Owend d´Méi gemeet hun bis dohin ze kutschen !!!

    14/04/2004

    Gehiirlose Concert !!!

    Mol rem eepes neits bei Gehiirlos.org ... gett och su lues Zäit. An zwar gett et een feine feine Concert vun Gehiirlos.org!
    Daat ganzt ass den 24. Abrell zu Weiler-la-Tour am Café Schlammestee, daat ass wann een vun Hesper op Freiseng fiirt direkt op der Kreizung wou et op Weiler-la-Tour geet.
    Waat gett gebueden? majo et spillen:
  • Dreaming in Red

  • Grotesque Impalement - (Brutal Death aus Däitschland)

  • Excavated - (Brutal Death aus der Belsch)

  • Black Candle



  • 31/01/2002

    !! Zitat-Apparat agebaut !!

    Hun dessläscht op okay.lu eng fääin Saach gesinn, eben deen Zitatapparat dee vu lo un ganz do uewen steet. Waat daat soll?? Majo Spaas maan soll daat!! Normalerweis misst dann all Kéiers wou een op des Säit kennt een aanere Sproch do stoen iwert deen e schmunzlen, laachen oder sëch opreege kann, wéi och emmer...
    Op desser Plaaz nach een DECKE MERCI un den Aalen vun okay.lu fiir dee flotten ZitatOmat an d'Höllef beim AnD'HomepageDraKniwellenSouDassEtOchGeet !!




    27/01/2002

    Zielmaschinn agebaut

    Wees zwar net waat et brengt, mee ech hu mol eng Zielmaschinn do riets agebaut




    18/12/2001

    Bibliothéik bessi geännert

    An der Bibliothéik kennt der lo de Link op är Homepage derbäikrootzelen, fonktionéiert nach net graad sou wei ech mer et geduecht haat, mee emmerhin kommen d' Linken herno dohinnerstoen (Wann der mengt et géing net klappen, einfach d'Säit nach eng Kéier nei lueden)
    Schreiwt w.e.g. jhust seriö Seiten dran dei och eppes mat Metal oder Musek oder Concert ze din hun!!! Merci




    26/10/2001

    Haat grad näischt ze dinn...

    ... du hun ech mech bessi ameseiert fiir puer domm Sprech bei d'Photoën derbei ze schreiwen




    01/10/2001

    néi Photoën

    Et gëtt rem eppes ze kucken !!!
    Hu grad mol nach puer Photoën beigepëscht. Ze fannen senn dei bei Mosh! wou d'Biller all hikomme wärten. Ennerwee ware mer um GrasPop an um Wacken.




    09/09/2001

    Nemme Misär...

    Knapps fonktionéiert de Kalenner an hun puer Leit Concerten agedroon, gin déi éischt scho rem oofgesoot, sou z.B. Dreams of Nabid an Dreaming in Red den 21/09 zu Uewerkuer. Ausserdeem spille Pantera NETT den 23/09 zu Düsseldorf.




    09/09/2001

    Ween hätt daat geduecht?

    ENDLECH !! No laangem gewurschtels geet de Kalenner mol richteg! An d'Geeschtbuch ass bis ob puer kosmetesch Detailer och voll asaatzfäheg. Ech hoffen dass lo och puer Leit sech d'Zeit huelen an Concerten hei androën wärten.




    05/06/2001

    Sou lues gi mer färdesch...

    Och wann d'Säit nach nett online ass, gett se awer ëmmer méi komplett. Bis op d'Geeschtbuch geet scho su zimlech alles. Mir hun puer Concerten am Kalenner, de Photo's Album huet déi éischt Biller viirzeweisen, an déi eischt handvoll Linken an der Bibliothéik sënn do




    02/06/2001

    A schon deen éischte Misär..,

    Tjo, wann der schon eng Kéier kugge komm sett, dan hudd der gemierkt dass nach ent vill hei passéiert ass. Daat léit doruznner dass ech am Moment keen Acces zum Internet hun. Mee egaal, ech kuggen fir d'Säit su séier wéi méiglech feddisch ze kréien




    28/05/2001

    Gleew et oder net, gehiirlos.org ass um Netz!!

    No laangem Gewurschtel ass en do, den

    onmooseg gehiirlosen Metal-Event-Kalenner

    fir Lëtzebuerg. Jiddfer Grupp kann hei hier Concerten androen, an jiddfereen kann einfach mol gehiirlos fex gesinn waat da sou vu Concerten am Land gebuede gëtt!

    An et ass schon direkt ëppes ze kuggen do. Photoen vum Black Candle Concert zu Stëen, ze fannen wann du klicken op Mosh!